 |
 |
 |
 |
 | ...::: A LA UNE :::... |
|
|
|
|
Vum Donneschdeg den 15.Juli 2010 bis Mettwoch 15. September 2010 sin eis Büroen zou. Mir wënschen Iéch eng schéi Vakanz.
|
|
|
Mir heeschen Iéch häerzlech wëllkomm op eisem Site!
Et wär vill iwwer d' Daachorganisatioun vun den 275 Kiirchekéier aus dem Land ze soen, déi elo véierzeg Joer mat freedegem Asaz a grousser Begeeschterung, op Grond vun neien Direktive vum Zweete Vatikanesche Konzil, wat d'Mataarbecht vun de Laien an der Kiirch betrëfft, déi liturgesch a reliéis Feiere verschéinert hun. D'Schafung vun engem nationale Verband war eng Noutwendegkeet, fir d'Positioun vun de Kiirchekéier ze stäerken a fir si an hiren neie Missiounen ze ënnerstëtzen an ze encouragéieren. De Verband, deen den Numm vum Poopst Pius X. dréit an deen hei am Land vum Bëschof Léon Lommel mat der Ennerstëtzung vu séngem Koadjutor Jean Hengen gegrënnt gouf, huet et fäerdegbruecht, d'Kiirchemusik, déi en integrale Bestanddeel vun der Liturgie as, de Leit méi nozebréngen. Sou wéi e laangjähregen an dynamesche President vum Piusverband et eemol ënnerstrach huet, as dat Spirituellt d'Séil vu jidder Kiirchemusik, well et d'Spigelbild vun engem liewege Glawen as an derzou bäidréit, ee wiirdege Kader ze schafen, an deem sech Gott a Mënsch begéine kënnen. Déi schéin Zeitung vun eisem Verband gët eis véiermol am Joer ënnert dem Numm "Canticum Novum" Opschloss iwwer déi Onmass vun Aktivitéite vum Piusverband uechter d'Land an iwwer eis Grenzen eraus. "Si la musique nous est si chère, c'est qu'elle est la parole la plus profonde de l'âme". Dat as fir d'kiirchlech Musik - de liewegen Ausdrock vun eisem Glawen - duebel wouer. An an deem Sënn schaffe mer drun datt de Piusverband och déi Plaz am kulturelle Liewe vum Land anhëllt, déi e verdéngt.
|
|
|
|
 |