 |
|
 |
 |
 |
 |
 |
 |
 |
 |
 | Gäschtbuch |
|
|
Merci dass Dir Iéch an eist Gäschtbuch androt.
|
|
|
|
11 Datum:13.01.2004 - 08:52:05 Henri Schumacher ( Henri.Schumacher@schumilux.com / keng Homepage ) huet geschriwen:
Félicitatiounen, Häer President Roby Zenner, fir dén esou flotten an interessanten Site vun onsem Lëtzebuerger Pius-Verband. De Rapport iwwert Table-Ronde (Nowuess an eisen Choralen) as super interessant. Ech geif mer och Informationen iwwert den Historique vun der Union wënschen. Henri Schumacher Journal - Matarbeschter
10 Datum: 16.12.2003 - 19:53:12 Georgette Wiltgen ( georgette2@everyday.com / keng Homepage ) huet geschriwen:
Am Numm vu méngem Mann Georges Wiltgen wëll ech Iech op dëser Plaatz nach emol villmols Merci soen fir d' Iwerrechen vun der Plaquette Pius X fir exceptionnel Meriten an der liturgescher Musik. Et huet him ganz vill Freed gemach fir dës Plaquette am Cader vun engem schéinen Owend entgéint ze huelen. Merci dem Häer Roby Zenner an sénger sympatischer Équipe. Eschweiler, de 15 Dezember 2003
9 Datum: 20.11.2003 - 01:23:00 Henderickx Luc ( Henderickx.Luc@pandora.be / http://www.artpage.be ) huet geschriwen:
Hello I visit your site for the second time, i'ts always nice to see the new updates. Greetings from Luc
8 Datum: 06.11.2003 -10:48:14 Thierry Origer ( thierry.origer@cathol.lu / http://www.parverband-consdorf.lu ) huet geschriwen:
Duerch d'Piusbliedchen, wat ech bei eis um Kichendësch fonnt hun, hun ech dëse Site, vun deem senger Existenz ech bis haut näischt wosst, kennegeléiert. Dem an der kathoulescher Internetszen renomméiertem Webmaster Fernand Kridel wëll ech mäi Luef ausspriechen. Ech géif gär op déi Saach mam Applaus no der Heemecht, déi an deem scho genannte Piusbliedchen agoen. Et ass also d'Fro, ob et erlaabt ass, no der Heemecht ze klappen. Déi selwecht Fro stellt sech jo och emmer erem am Bezug op d'Gottesdéngschter. Däerf zum Schluss vun engem Gottesdéngscht geklappt gin? Beim Applaus geet et menger Meenung no em méi wéi d'Unerkennung vun enger Leeschtung. Applaus ass en témoignage de solidarité, huet et mat Zoustëmmung, Approbatioun, Akklamatioun, Begeeschterung ze din, et ass en Ausdrock vun Emotionalitéit, dee seet: Ech hu mech gutt gefillt dobäi: dat huet mech bewegt. Wann no der Heemecht geklappt get, heescht dat och: Ech si frou, datt dir d'Heemecht sou flott gesongen hutt, ech ka mech domatt identifizieren, an et ass wichteg, datt mir zesummenhalen. Fir kuerz op den Applaus an der Kierch zréckzekommen: Grad mir Lëtzebuerger sin net derfir bekannt, besonnesch aus eis eraus ze goen. Wéi vill musse mer eis iwerwannen, wann de Paschtouer eis mol nëmmen opfuerdert, eis de Friddensgrouss ze gin. Firwat soll een den Applaus - souzesoen deen eenzeege Moment an der Mass, wou mir e bëssen eis Gefiller weisen - och nach ënnerbannen. A discuter!
7 Datum: 03.06.2003 - 18:54:12 Christiane Reiland-Schaul ( sreiland@pt.lu / keng Homepage ) huet geschriwen:
Complimenter fir deen einfachen an iwwersiichtlechen Site. Et wär genial, wann der eng Säit hätt wou d'Choralen hir Manifestatiounen kënnten ugin, sou wéisst een dann ëmmer wat um Niveau vum Gesank doremmer lass as. Interessant wär et och een Forum anzeriichten, wou een sech iwwer des oder di aaner Problemer kënnt austauschen mat aaneren Musiksliebhaber. An der lëscht vun den LINKS kënnt een och Internet -Adressen ugin, wou een Nouten kann bestellen, well hei am Land as een do séier färdeg. Do gët et zum Beispill www.2play4.com oder www.Notenversand.de (deadlink) an nach eng Reih aanerer. Bis dann Christiane Reiland
6 Datum: 09.01.2003 - 09:26:17 Georges Kuffer ( Kufferge@pt.lu / keng Homepage ) huet geschriwen:
Haut op der Generalversammlung do machen ech e puer Hiweiser vun eiser Homepage; och schwetzen ech mam Präsident der Sekretärin an dem Jos Neu iwer d'Problematik déi mir zwee rezent besprach hun. Selbstverständlech entschëllegen ech deng Absenz an ech brengen dir awer eng Documentatioun mat.
5 Datum: 11.10.2002 - 18:16:19 Anne-Marie ( akridel@yahoo.de / keng Homepage ) huet geschriwen:
Moien. Ech fannen den Site gelong an ganz interessant fir e bëssen méi iwwert den Piusverband gewuer ze ginn. Léif Gréiss Anne-Marie Kridel
4 Datum: 10.07.2002 - 06:10:35 Jürgen Kopp ( koppjm@vo.lu / http://www.chorale.lu ) huet geschriwen:
Gratulation, ein guter Anfang. Für einen Zentralverband wie dem Ihren würde es sich anbieten, eine Seite mit "links" einzurichten, wo dann u.a. Hinweise zu einzelnen Mitgliedern ( wie uns, Chorale Saint-Michel ) zu finden wären. Mit besten Grüssen, Jürgen Kopp ( webmaster Chorale St.-M. )
3 Datum: 29.05.2002 - 19:45:28 Charlotte Christophory ( cchristo@pt.lu / keng Homepage ) huet geschriwen:
Salut Fernand, e schéine Grouss vu Reckeng, Charlotte
2 Datum: 14.5.2002 -09:42:50 Urhausen Marc ( marcurhausen@gmx.net / keng Homepage ) huet geschriwen:
Merci fir d'Créatioun vun Ärem Site! Ech wënschen dat vill Leit dovun profitéieren an de Site sech zu engem attraktiven Info-Instrument entwéckelt. Als Suggestioun kann ech mir virstellen dat z.B. den "Ordo", also de "Fahrplan" vum Kiirchejoer online kënnt gesat gin fir dat vill Memberen sech iwer den "Alldag" am Kiirchejoer kënnten informéieren Mat beschte Gréiss Marc Urhausen Chorale Ste. Cécile Elvange-Emerange
1 Datum: 10.04.2002 - 09:39:51 Josiane Lordong ( jijipilowi@internet.lu / keng Homepage ) huet geschriwen:
Bonjour Herr Kridel! Ech fannen eisen Site ganz flott, an ech hoffen dass ech och geschwenn Zeit hun iech nei informatiounen vun eisem Verband ze schecken. Mat beschte Gréiss Josiane Lordong
|
|
|
|
|
 |
 |
 |
 |
|
 |