„Jahre lehren mehr als Bücher" seet de Volleksmond, an en huet Recht. Mir kënnen aus de Bicher vum Piusverband eng Hällewull Zuelen erausliesen, déi als Aktiva oder Passiva am vergaangene Joer schwaarz op wäiss festgehal si ginn. Nëmme schwéier erausliesen awer kënne mer aus dëse Bicher den Engagement vum Eenzelnen am Laf vum Joer, dat elo hannert äis läit. Als President vum Piusverband kennen ech dësen éierenamtlechen Asaz – an ech soe jidderengem dofir Merci.
Demografesche Wandel, ze wéineg Motivatioun, Réckgank vun de Memberen an allen Altersgruppen, net genuch qualifizéiert Dirigent(inn)en, een net un eis Zäit ugepasste Répertoire, manner Suen – d'Kaderbedingunge fir d'Gesangveräiner ginn an Zukunft net méi einfach. Et gi sécher och nach aner Erausfuerderungen, mat deenen d'Choralë musse fäerdeg ginn, fir an Zukunft attraktiv a gutt opgestalt ze sinn. Wichteg ass och ze erkennen, datt vill Veräiner hiert Potenzial, dat an hinne stécht, nach laang net voll a ganz ausgeschäfft hunn, a grad hei wëllt de Piusverband sech sënnvoll abréngen.
Zënter Joeren huet eise Verband erkannt, wéi wichteg et ass, de Choralen eng Hand unzepaken, fir sech op d'Zukunft anzestellen. D'Regionalversammlunge grad ewéi déi spezifesch Workshops bidde beschtens d'Geleeënheet, de Veräiner d'Noutwendegkeet, sech mat der Zukunft auserneen ze setzen, däitlech ze maachen.
No zwee gutt besichte Fortbildungsseminairë mam Camille Kerger a mam Renée Schmit, wou Gesäng fir d'Advents- an d'Chrëschtzäit respektiv wou d'Roll vum Kantor am Gottesdéngscht um Programm stoungen – no engem ganz interessante Cours mam belsche Museker/Komponist Philippe Robert, wou d'Auswiel vun de Lidder an den Texter fir eng Liturgiefeier d'Thema war – ass et Mëtt Mäerz dëst Joer e vill verspriechenden „Atelier de chant liturgique" animéiert vum „Père André Gouzes de l'Abbaye de Sylvanès", wou den „Dominical • année C" vum Museker/Komponist Gouzes um Ordre du jour steet.
D'Dirigeantë vum Piusverband si bestrieft, d'Choralen och an Zukunft net am Ree stoen ze loossen, mä hinnen no beschtem Wëssen a Kënnen zur Säit ze stoen. Och den Amateurismus, am eedelste Sënn vum Wuert, muss Synonym si vu Qualitéit. D'mënschlech Stëmm ass e schéint a wonnerbart Instrument, mä dat schéinsten Instrument verstëmmt, wann et net richteg gefleegt a benotzt gëtt. Duerfir, léif Sängerinnen a Sänger, zéckt an Zukunft net a besicht besser nach déi eng oder aner Formatioun vum Piusverband a Kollaboratioun mat der Ugda an der Inecc.
D'Zil vun allen Efforten heibäi solle Léisungsusätz a méiglech Piste sinn, der Stagnatioun an dem Réckgank vun aktive Sänger, Dirigenten an Organisten an eise Kierchechéier entgéintzewierken. Ech plaidéiere fir manner Kierchtuermpolitik a méi Flexibilitéit, a ruffen op zur Zesummenaarbecht mat den Nopeschchéier an zum verstäerkte Kontakt mat deene Jonken. Vill vun eise veräinsinterne Strukture si verhäert a festgefueren, dach duerch nei Iddien a virun allem duerch Visiounen däerft sech an e puer Joer eventuell eng besser a méi positiv Situatioun ofzeechnen.
Visioune setzen a Beweegung, maache lieweg, reegen d'Fantasie un, féiere Leit zesummen a loosse flott nei Programmen entstoen. Net vergiess ass de Saz vum Antoine de Saint Exupéry: „Willst du, dass die Menschen ein Schiff bauen, dann (...) wecke in ihnen die Sehnsucht nach dem weiten Meer." Bekanntlech änneren d'Zäite sech jo permanent, a mir mat hinnen. Duefir musse mir ëmmer erëm un äis selwer schaffen, wëlle mer net riskéieren, den Zuch ze verpassen a stoen ze bleiwen. Eist Leitmotiv fir d'Zukunft am Intressi vum Kierchegesank soll deemno sinn: „Mir hunn dat gär, fir dat mir äis beméien, a mir beméien äis fir dat, wat mir gär hunn - Gott loben, das ist unser Amt".
Albert BRAUCH
President vum Piusverband