Dokumentatiounszentrum

Fir déi verschidden Zäite vum Kierchejoer stinn ongeféier 4000 Partituren an eisem Répertoire de musique chorale.
D’Klassifizéierung gëtt no neie Critèren opgebaut, di op de Kategorien vun deene franzéische " Fiches " baséieren.
E grousse Merci soe mir alle Chorallen, Dirigenten, Organisten a Komponisten, déi eis Partiture ginn an esou hëllefen, onse Répertoire auszebauen.
D’Radiosmasse stinn, vun sonndes dem 31.August 2003 un, als CD zur Verfügung, fir ze lauschteren.
Dem Radio „DNR“ e grousse merci fir déi flott Zesummenaarbecht, hie gëtt eis all Woch de CD vun der Sondesmass fir eis Archiven.
D’Chorallen hunn d’Méiglechkeet an eisem Dokumentatiounszentrum, di heiten Zäitschrëften gebonnen ze consultéieren:

Caecilia - Musica Sacra – Choristes - Singen und Musizieren im Gottesdienst - Pueri Cantores - Canticum Novum - Liturgisches Jahrbuch - Pro Petri Sede – Célébrer - Voix Nouvelles – Préludes - Église qui chante

An e puer Méint wäert d’Lëscht vun onse Wierker och um Computer, wahrscheinlech am Exel-Format, zip kompriméiert, ofruffbar sinn a kann dann per E-mail un di Interesséiert geschéckt ginn. Awer wi gesot, an e puer Méint.
Zënter Ufank Oktober konnte schonn ongeféier 50 Ufroen fir Partituren positiv beaarbecht ginn.

All Membere vum Piusverband sinn häerzlech invitéiert an den neien, méi modernen Dokumentatiounszentrum, 64, rue Charles Martel zu Märel ze kommen.

Am beschte freet ee beim Här Patrick COLOMBO e Rendez-vous, fir wierklech gutt gehollef ze kréien.
Kontaktadress:

Union Saint Pie X
64, rue Charles Martel
L-2134 Luxembourg
Tel: 26201899
Fax: 26201898
E-Mail:



Dokumentatiounszentrum 2010

P A R T I T U R E N :

Ët stinn ongeféier 6400 Wierker an de Classeuren zur Verfügung :

AL - Lateinische Messen, Messes en Latin
AF - Französische Messen, Messes en Français
AD - Deutsche Messen, Messes en Allemand
ALU - Luxemburgische Messen, Messes en Luxembourgeois
AT - Eingangslieder, Chants d’Entrée
AV - Kyrie
AW - Gloria, Lob und Dank
AX - Graduel, Kehrvers, Psalmen, Motetten, Kantaten
AY - Alleluia
AZ - Credo, Glauben, Foi
BT - Fürbitten, Prière universelle
BX - Offertorium, Offertoire
BY - Sanctus, Benedictus
CX - Geheimnis des Glaubens, Acclamations, Anamnèse
CY - Vater Unser, Notre Père, Eise Papp
CZ - Agnus Dei, Friede, Agneau de Dieu, Paix
DX - Kommunion, Communion, Pain
DY - Schlusslied, Chant final

E - Advent, Avent
F - Weihnachten, Noël
G - Fastenzeit, Carême
H - Passionszeit, Passion
I - Ostern, Pâques, Auferstehung, Résurrection
J - Christi - Himmelfahrt, Ascension
K - Pfingsten, Heiliger Geist, Pentecôte
L - Dreifaltigkeit, Mystère de Dieu
MT - Pange lingua, Tantum Ergo
MX - Fronleichnam, Eucharistie - Lieder
MY - Herz - Jesu, Sacré - Coeur
MZ - Christkönig, Christ - Roi
P - Gebet, Prière, Unité, Vesper, Andacht, Komplet
Q - Hochzeit (inkl. Schlager), Mariage
R - Kindermesse, Enfants, Catéchisme
S - Begräbnis, Leichendienst, Service funèbre
T - Mission, Église
VR - Magnificat
VS - Alma Redemptoris Mater
VT - Ave Regina Coelorum
VV - Salve Regina
VX - Ave Maria
VY - Allgemeine Muttergotteslieder, Marie
VZ - Oktavlidder, lëtzebuergesch Muttergotteslidder

WS - Heiliger Joseph, Saint Joseph
WT - Heilige Caecilia, Sainte Cécile
WV - Heiliger Willibrord, Saint Willibrord
WX - Heiliger Martinus, Saint Martin
WY - Verschiedene Heilige, Saints divers
WZ - Allerheiligen, Toussaint
X - Nationalfeierdag, Chants patriotiques
Y - Litaneien, Litanies
ZWL – Weltliche Gesänge

Di Lëschten am Excel - Format gin stänneg aktualiséiert. An Zukunft wärten së dann och op onser Internet - Säit fir den Download disponibel gemaach gin. Dat wärt héichstwahrscheinlech am pdf. Format oder (op Wonsch) am Excel - Format sin.
Ween awer schon éischter un enger oder ë puer vun deene Lëschten interesséiert ass, kann së och ausgëdreckt op Pabeier oder am elektronësche Format (entweder Pdf. oder Excel) am Siège vum Piusverband kréien. (w.e.g. USB - Stick matbrengen)

Nach eng Kéier e grousse Merci un all ons Chorallen, Dirigenten, Organisten a Komponisten, di ons Partituren zur Verfügung stellen, an esou mathëllefen, onsen Dokumentatiounszentrum ëmmer nach weider auszebauen.

Ët kënnt oft vir, datt Ufroen kommen, fir z.B. eng bestëmmte Partitur vu 4- stëmmeg op 3-stëmmeg oder 2-stëmmeg ëmgeschriwwen zë kréien, vu Männerchouer op gemëschte Chouer, resp. eng Stëmm méi déif, auswiessele vun Tenor an Alt asw….. Alles daat gëtt gär gemaach am Rahmen vum Méiglechen.

D’Radiosmassen stinn zënter dem Sonndeg, 31. August 2003 op CD zur Verfügung, fir zë lauschteren. Dem Radio DNR ë grousse Merci fir déi flott Zesummenarbecht an d’CD’en vun all deene Sonndesmassen.

Ons Memberen hun d’Méiglechkeet, di folgend Zäitschrëften an onsem Dokumentatiounszentrum zë consultéieren :

CAECILIA – MUSICA SACRA – SINGEN UND MUSIZIEREN IM GOTTESDIENST – PUERI CANTORES – CANTICUM NOVUM – LITURGISCHES JAHRBUCH – CÉLÉBRER – VOIX NOUVELLES – PRÉLUDES – ÉGLISE QUI CHANTE

Wann ons Dirigenten oder Organisten gären Partituren am Dokumentatiounszentrum duerchbliedere wëllen, oder gären Stécker ëmgëschriwwen hätten, da sollen se w.e.g. e Rendez-vous mam Här Patrick Colombo ofmaachen, deen sech gären Zäit dofir hëllt.

D’ Email vum Dokumentatiounszentrum ass : unionpie@pt.lu



Dernière mise à jour le lundi 30 août 2010



Dës Säit gouf haut 2 mol opgeruff. / Zënter dem 17. Mäerz 2009 insgesamt: 1582 mol.