|
|
|
|
|
|
13. Oktober 2003
"FIRWAT FANNE MIR ESOU WEINEG NOWUESS AN EISE CHORALEN?"
|
130 Leit bei der nationaler Table-ronde vum Piusverband zu Reckeng/Mess
Méindes, den 13. Oktober 2003 hat de Piusverband am Centre Culturel Pëtzenhaus zu Reckeng/Mess eng grouss Table-ronde iwwer d'Thema "Firwat fanne mir esou wéineg Nowuess an eise Choralen?" organiséiert.
Mam Roby ZENNER, dem President vum Piusverband als Moderator, hunn diskutéiert:
de Robert WEYLAND, President vun der Union Grand-Duc Adolphe (UGDA);
- de Camille KERGER, musikaleschen Direkter vum Institut Européen de Chant Choral (INECC);
- den Abbé Claude BACHE, Aumônier vum Piusverband;
- den Albert BRAUCH, Vizepresident vum Piusverband;
- de Josy PUTZ, Schoulmeeschter an Dirigent vun der Chorale Ste Cécile Wolz;
- den Edmond STEYER, Schoulmeeschter an Dirigent vun der Chorale Ste-Cécile Baerdrëff;
- de Gilbert WELTER, President vun der Chorale Ste-Cécile Péiteng;
- d'Sylvie ZUCCOLI-GROTZ, Léierin an Dirigentin bei de Bouneweger Nuechtigailercher
- an d'Leit, déi am Sall waren.
An dësem Vademecum stelle mir an zwee Deeler all Äntwerten niewenteneen, déi déi verschidde Riedner deen Owend ginn hunn. Den éischten Deel äntwert op d'Froen: Wat stelle mir fest? Watfir eng Erfahrungen hu mir gemaach? Wourun hält et? Wat sinn d'Ursaachen an d'Grënn?
Den zweeten Deel gëtt Äntwerten an Ureegungen op d'Froen: Wat ass ze maachen? Wat kann ee maachen? Wat musse mir an d'Wee leeden? Watfir eng Mëttelen, Weeër a Pistë gëtt et?
D'Äntwerten gi mir a Kuerzform esou erëm, wéi se gesot gi sinn, ouni e Commentaire ze maachen.
D'Schlussfolgerunge kann de Lieser selwer zéien.
De Comité Central vum Piusverband
I. FESTSTELLUNGEN, ERFAHRUNGEN AN URSAACHEN
- Am Ausland ass et och net besser wéi bei äis
- Et feelt haut un enger Gemeinschaft, jidderee geet säi Wee. De Problem Nowuess besteet schonns 20 Joer, duerfir ass an der Tëschenzäit de Kontakt zu der Jugend verluer gaang.
- Mir hu keng Traditioune fir Kannerchéier.
- Jong Leit spille léiwer en Instrument wéi datt si sangen
- An eiser Zäit huet de Konsum, och de Musiks-Konsum, zougeholl
- Jong Leit sangen net ganz gär
- D'Leit wëlle sech net méi gär engagéieren, vläicht just heiansdo
- Den Iwwergank vum Kannerchouer zum Erwuessenechouer klappt net
- Jong Leit hunn am léifsten en aneren Rhythmus an en engleschen Text
- Wann déi Jonk matmaachen, wëlle si och Responsabilitéit iwwerhuelen a Matsproocherecht kréien, soss ginn si an Oppositioun zu deenen eeler Semester
- Et ginn haut vill manner Leit an d'Kierch, duerfir hëlt d'Zuel vun de potentielle Kandidaten of
- D'Kierch an domat och de Kierchegesank hunn haut net méi deeselwechten Stellewäert
- Gutt Musik a gudde Gesank hunn haut net méi deeselwechten Stellewäert
- D'Famill, d'Schoul, d'Gesellschaft hunn eng grouss Ëmwandlung matgemaach
- D'Kierchegemeinschafte ginn ëmmer méi kleng
- De Manktem u Geeschtleche bréngt mat sech, datt vill Kierchen de Weekend zou sinn
- Von doheem ginn déi Jugendlech net méi ugehalen, an e Chouer ze goen
- D'Roll vum Kierchechouer huet geännert, de Gesank vum Chouer an der Kierch ass kee Concert méi, mee zënter dem II. Vatikaneschen Konzil huet de Chouer eng aner Aufgab tëschent Altoer a Gemeinschaft
- D'Sangen ass am Reliounsunterrecht net ofgeschaaft, mee et hänkt vum Enseignant of
- Et feelt u Gesanglitteratur fir déi Kleng
- Fir Sänger gëtt et am Fong keng spezifesch Ausbildung sou wéi déi vun de Musikanten
- D'Famillen als sollech hunn aner Interessen
- Vill Famillen interesséieren sech net oder net genuch fir dat, wat d'Kanner maachen
- D'Kanner hu falsch Virstellunge vun engem Chouer
- Keen huet méi Zäit, firwat hu mer iwwerhaapt nach Zäit? De Kierchesänger ass vun alle Kulturschaffenden am meeschten gefuerdert: Wat den Dag méi helleg ass, wat e méi gefuedert ass a wat e méi Aarbecht huet
- An den neie Parverbänn gi vill Massen zesummegeluegt, an d'Chéier ginn net méi sou gefuerdert
- Déi Jugendlech an déi Erwuesse ginn haut vu villen anere Fräizäitbeschaftegungen ugezunn, déi et fréier net ginn huet. De Repertoire an d'Proufzäite sinn net op d'Kanner an déi Jugendlech zougeschnidden
- De Kannerchouer gëtt dacks als besser Crèche betruecht
- Et besteet nach Interessi fir ze sangen
- Vill Leit wëllen net méi bei der Staang bleiwen, well si sech d'Zäit net huelen
- Et soll een déi Jugendlech froen, wat si sech ënnert engem Chouer virstellen
- D' Strukture vum Chouer musse geännert ginn
- De Chouer muss sech am allgemenge méi opmaachen
- Et feelt u qualitizéierten Dirigenten, Organisten an Pianisten.
- D'Saach muss vu laanger Siicht opgebaut ginn
- Leitmotiv "Es gibt keine schlechten Chöre, es gibt nur schlechte Dirigenten"
- Fréier ass et de Reliounsunterrecht mat Gesank an alle Schoulklasse ginn, Primär a Postprimär
- Fréier war quasi all Famill, all Haus chrëschtlech
- Fréier hat een net onendlech vill Fräizäitbeschaftegungen
- Fréier hat een net allzevill Suen an der Täsch .
- Fréier ass an der Famill dacks gesonge ginn
- Fréier huet de Schoulmeeschter sech ëm de Gesank an ëm den Nowuess bekëmmert
- Et ass haut anescht doheem an an eise Schoulen
- Wéi steet et ëm d'Sange beim Léierpersonal, bei de Katecheten, bei de Paschtéier, um ISERP?
- Den Nowuessproblem ass eng Zäiterscheinung, géint déi mir zimmlech machtlos sinn
- Bei TV, DVD, CD ass den Toun esou gutt, datt nëmme wéineg Leit sech iwwerhaapt nach fir d'Live-Sangen interesséieren
- Amplaz Chouergesank gëtt et haut Techno, Beat, Kaméidi.
- Déi Jugendlech flüchten an hir Dramwelt mat hirer Musek
- D'Kanner aus dem 6. Schouljoer hunn dacks nach ni d'Heemecht gesongen
- Wéi wäit ass de betraffene Paschtouer um Chouergesank interesséiert?
- D'Chéier hu bal jiddereen deeselwechte Problem: den Nowuess
- Mir bewegen äis, ob mir et wëllen oder net, an engem Cercle vicieux
- Jiddereen daerf haut jo seng eege Relioun wielen
- Wéivill Choralen hu kee kompetenten Dirigent méi?
- Vill Chéier sinn zu enger aler Institutioun ginn
- Vill Chéier sinn no bausse verschloss
- Munnech Chéier sinn aus deene bekannte Grënn gezwongen, opzehalen
- Am Kannerchouer bleiwen d'Kanner bal ëmmer stiechen a ginn net méi weider
- Et gëtt absolut keng Verbindung tëschent dem Kannerchouer - guer net ze schwätze vum Jugendchouer - an dem grousse Chouer: hei feelen eng bis zwou Generatiounen
- Vill (sougenannt) Sänger kappen dacks ze vill lass: si sinn an x Veräiner
- Den lndividualismus priméiert vis-à-vis vun der Gemeinschaft
- Jugendlecher studéieren, anerer schaffen
- Zu Lëtzebuerg gëtt et leider keen Editeur fir Musikalien
II. WAT KËNNT HËLLEFEN?
- Et ass ni ze spéit, fir eppes op d'Schinnen ze setzen
- Et muss e Budget fir d'Kannerchéier zur Verfùgung stoen
- D'Parverbänn bidden nei Méiglechkeeten, fir zesummen ze kommen an zesummen ze fannen
- Mir mussen deenen, déi sangen, eppes bidden
- D'Kanner am jonken Alter opfänken an opbauen
- Erëm an de Schoulen ufänke mat regelméisseg ze sangen
- Méi bewosst a geziilt op d' Jugend zougoen
- D' Jugend froen, wat si ënnert Gesank verstinn a mengen
- Probéieren, déi Jugendlech am Interessi vum Chouergesank op 7 e, 6e ze erfaassen
- Vokalconcertë fir Jugendlecher ubidden (klassesch, zäitgenëssesch, modern)
- Probéieren, d'Jugend emol an e Vokalconcert ze kréien
- Probéieren, d' Jugend mat gudder Chouermusik a Verbindung ze bréngen an se heiduerch eventuell motivéieren, an e Chouer ze goen an ze sangen
- Geziilten Initiativë lancéieren: weltlechen Concert, Concert spirituel, Mass
- D'Jugend duerch CD-Visualiséierung an d'aktivt Sangen an an d'Kierchemusik aféieren
- An Zukunft vill méi Waert leeën op d'Jugendaarbecht
- Mat jonke Leit nei Musik entdecken a sech eraschaffen
- Net nëmmen am alen a geierfte Repertoire schaffen
- Musik muss och mol experimentell kënne sinn: Ausliewe vun Fantasien .
- Wat kann ech alles mat menger Stëmm maachen?
- D'Ëmfeld muss stëmmen: Prësident, Paschtouer, Dirigent, Organist, Comité, Sänger
- Déi kreativ Iddië vum Prësident a vum Dirigent weisen de Wee an d'Zukunft
- Den Dirigent muss déi néideg musikalesch a pädagogesch. Kenntnisser hunn
- Den Dirigent muss iwwerzeegen duerch säi Wëssen, Kënnen, Vermëttelen .
- Den Dirigent muss bestänneg och u sech schaffen
- De richtegen Dréi am musikalesche Programm fannen: déi Jonk méi modern, déi Stänneg an Eeler méi klassesch.
- Deenen déi sangen eppes bidden, an deenen déi nolauschteren och eppes bidden
- Den "Esprit de clocher" vergiessen, ouni awer Eegestännegkeet, Autonomie an Individualitéit opzeginn
- D'Chéier am allgemenge méi attraktiv gestalten
- D'Chéier musse sech vill méi no baussen opmaache fir all Leit, och fir Auslänner
- Nei Memberen, virun allem Kanner, richteg encadréieren:
- attraktiv Prouwen, anspruchsvolle Programm, Theater, Rentnerfeieren
- An der Kierch: manner steif, manner Formalismus an trotzdem keng verréckt modern Musik: et muss ëmmer nach e Fonke vu Feierlechkeet bleiwen
- An Zukunft ass et immens wichteg, an d'Formatioun ze investéieren
- Organisatioun vu "Cours de formation" a Workshops, fir Spaass um Sangen ze kréien doduerch, datt ee sech an d'Thema eraknéit, sech mat der Saach ausenanersetzt
- Am Veräi Responsabilitéite verdeelen
- All Member soll en neie Member sichen a matbréngen.
- Eierememberkaarte verkafen ass wichteg fir de Kontakt mat der Awunnerschaft
- E Chouer muss neien, interesséierte Leit weisen, wouhin et geet: Qualitéit, Disziplinn
- Gefrot sinn, aus der Nout eraus, organisatoresch Neierungen, Gemeinschaftssënn, Zesummenaarbecht, Synergien, sech fräiwëlleg zesummendinn mat anere Chéier
- Tëschent de Parverbänn a Regiounen zesumme kucken, wéi sech engagéieren
- E Repertoire opbauen, dee villfälteg ass, dee lieft
- Eng Veräinsféierung opbauen a virweisen, déi kompetent ass
- Nei Gottesdéngschtforme sichen
- Et muss e Suivi gemaach ginn, wéi am Sport
- D'Kanner an déi Jugendlech musse vun doheem aus ugehalen an encadréiert ginn
- Mir brauche fest Programmer, och bei Concerten, am Theater, bei Rentnerfeieren
- Et misst een d'Kanner schonns vun 3 Joer un ophuelen
- Wichteg ass e Chouer fir d'Primärschoulkanner an ee fir d'Teenies
- D'Spillschoul an d'Schoul ass dee beschte Kader, fir d'Kanner ze rekrutéieren
- D'Musik däerf kee Bécksfach an de Schoule ginn
- D'Musik däerf net nëmme Chant sinn, mee e richtegen Enseignement musical
- Egal ob d'Kanner an der Kierch sangen oder soss entzwou: dat Wichtegst ass d'Léift zur Musek
- D'Inspektere si gefuedert, well am 6. Schouljoer hunn 80% vun de Kanner nach ni gesongen
- Den Altersduerchschnëtt am grousse Chouer ass vill ze héich
- Déi Jugendlech ginn net genuch erugezunn
- Et gëtt an esouvill Poren esouvill Massendénger: Firwat dann déi Jonk net do rekrutéieren?
- D'Schoul huet eng ganz wichteg Roll beim Rekrutéieren
- Et feelt u kompetente Leit: An de Museksveräiner komme vill Dirigenten aus der Militärmusek a si qualifizéiert
- An Däitschland hu ganz vill Dirigente méi en héigen Niveau mat A-, B- an C-Diplomen
- Mir bezuelen eis Dirigenten net gutt genuch
- Et muss een nei Gottesdéngschtformen opbauen
- Den Dialog mat der Jugend muss gefouert ginn
- Et mussen méi kreativ Iddië gefaasst ginn
- Reesen an Ausflich organiséieren, eventuell mat Massen an Optrëtter fir de Chouer
- D'Haaptgewiicht muss fir d'Kierchechéier op der Sonndesmass leien, mat Rücksicht op déi Jugendlech
- Fir d'Kanner an déi Jugendlech aner Proufzäiten aplangen, net méi spéit wéi owes 9 Auer
- Et soll een ëmmer esouvill opkappen, wéi ee verschaffe kann
- An all Schoul ënnert kompetenter Leedung e Chouer grënnen
- Et muss een e regelrecht Museksbuch fir d'Schoulen aféieren
- Et ass eng Fro vu Repertoire: mir musse méi sangen, wat déi Jonk wëllen
- D'Anhale vun de Gesanks- a Musekscourë muss vun den lnspekteren an den Direktere strikt kontrolléiert ginn
- De Gesank vun de Jugendleche muss mat Danz, Ballet, Bewegung, Rhythmik, Turnen begleet ginn
- Et muss an der Schoul erëm e fàcheriwwergräifenden Unterrecht erméiglecht ginn
- Fir datt mat de jonke Kierchesänger net méi sou de Geck gemaach gëtt, muss ee méi englesch Nimm an d'Chouernimm afléissen loossen
- De Kontakt tëschent de Kanner- an de Kierchechéier muss verbessert ginn, och wann déiselwecht Leit sech ëm déi 2 Chéier këmmeren
- Mir brauchen e Repertoire fir d'Kanner vun 3, 4 Joer
- Mir mussen op d'Kanner zougoen, vläicht lauschtere si dann och op dat, wat mir Erwuessener sangen
- D'Ophuelen vun auslännesche Matbierger favoriséieren, fir si e Repertoire an hirer Heemechtssprooch virgesinn a si och emol mat deem optrieden oder an der Mass sange loossen
- Et misste méi Concerten, Workshops, Coursen fir déi Jugendlech offréiert ginn
- De Präses misst méi Interessi fir de Chouer weisen, op en zougoen a sech méi dacks bei em weisen, och an de Prouwen
- De Prësident an de Comité mussen de Veräi féieren ewéi eng Entreprise
- Den Dirigent an den Organist musse ganz valabel Musiker sinn, a mir musse se gutt bezuelen .
- Méi op d'Qualitéit setzen
- Eng Circuläire-Aktioun an de Schoule maachen
- Am Comité muss jidderee seng spezifesch Missioun hunn an no engem "plan d'action" schaffen
- De Chouer muss fir all Sänger attraktiv sinn
- Spezifesch fir de Kanner- an de Jugendchouer musse méi finanziell Mëttelen prett gestallt ginn
- Mir mussen de Chouer no bausse méi opmaache mat engem flotte Repertoire
- Mir musse méi mat anere Chéier zesummeschaffen an zesummekommen
- Mir mussen eise Sänger eppes bidden
- Et muss méi Professionalismus un den Dag geluegt ginn
- Musek a Gesank mussen an der Schoul déi Plaz erëmkréien, déi d' Schoulgesetz vun 1912 hinne ginn huet
- De Prësident soll nëmmen eng bestëmmten Zäit bleiwen
- Duerch eng beschtméiglech Informatioun vun de Sanger fille se sech méi ugesprach an an d'Féierung agebonnen
- Periodesch Cadeauë fir déi Aktiv bréngen eng nei Motivatioun
- Lëtzebuergesch Owender organiséieren
- Eng Circuläire-Aktioun an de Kierchen duerchféieren
- Déi Jonk invitéieren, an d'Chorale "schnupperen" ze kommen
- All Mënsch misst d'Chance kréien, mat senger Stëmm esou ëmzegoe wéi mat sech selwer
- Et sol1t ee wéi an Däitschland d'Roll vum Kantor aféieren
- Méi e staarken Akzent setzen, fir Männerstëmmen ze rekrutéieren
- De Programm net ze schwéier maachen
- Och Jugendlecher mat an de Comité ophuelen, well déi Jonk sinn net méi schlecht wéi fréier
- Déi Eeler mussen agesinn, datt an eiser Zäit aner Rhythme kommen
- Als Jugendlecher muss een haut schonns déi vun 30 a 40 Joer ugesinn
- Et soll een d'Leit schonns am Beruffsliewen rekrutéieren
- Bei extrae kierchleche Feieren d'Kanner an déi Jugendlech méi an de Gesank mat abannen
- D'Musep, d'Lasep an d'Lasel méi mat um Rekrutéiere bedeelegen
- Vill kleng Méiglechkeete wéi e Puzzle zesummesetzen
- All Mënsch ka sangen, e soll méiglechst fréi dermat ufänken
- De Repertoire méi ausbauen, en ass ze limitéiert
- D'Diskrepanz tëschent den Erwaardunge vun de Jugendlechen an der Realitéit beuechten
- D'Musikserzéiung an de Schoulen klappt net esou, wéi mir äis se virstellen
- Musek a Gesank mussen hir Plaz hu vum Précoce bis op d'Uni
- Wann een als Kand séngt, da wiisst een an d'Sangen eran
- De Kanner de Kontakt mat de Museksschoulen erméiglechen
- Och déi, déi en Instrument léieren, mussen derbäi sangen
- Am Solfège misst d'Sange Freed maachen a méi wäit goen
- All Sänger misst driwwer opgeklärt ginn, wéi seng Stëmm funktionnéiert
- Kanner sollen näischt sangen, wat hirer Stëmm net läit
- All Musiksschoul muss e Chouer grënnen
- De Chouergesank huet dee gréisste Repertoire, schonns iwwer 1000 Joer, dorop kann een opbauen
- De Schoulmeeschter an der Primärschoul ass extra gefuerdert, hie soll mat de Kanner sangen, kleng Concerten, Theater, Spiller, Danz organiséieren
- D'Sange muss erëm an d'Gesellschaft integréiert ginn
- D'Litteratur muss adaptéiert, erneiert a moderniséiert ginn
- Et muss derfir gesuergt ginn, datt d'Dirigenten ausgebillt ginn
- Et misst ee Musek schreiwe loosse fir Chéier
|
|
|
|
|
|