CHORALE STE CÉCILE STEINHEIM
Zesumme Sangen
Wéinst der Corona Pandémie 2020 konnt déi 125 Joarfeier vun der «Chorale Ste Cécile» Steenem, nëtt stattfannen, duerfir huet de Gesangsveräin kuerzfristeg decidéiert 2025 den 130. Gebuertsdag an engem méi interne Krees de 6, September bei engem Festiessen am Hôtel Gruber ze feieren, ënner der Präsenz vun eiser Buergermeeschteg der Mme Stéphanie Weydert, leider konnt eise Paschtouer Luc Schreiner nëtt derbäi sinn.
An eiser Chorale ka jiddwereen seng Gesangskonscht sief am, Sopran, Alt, Tenor, oder Bass bei enger gudder Vereinsambiance an Entspanung zum vibréiere bréngen. Eis Prouwe sinn ëmmer Donneschdes Owends um 20.00 Auer am klenge Sall vum Fräihof zou Steenem. Mir sangen esouwuel weltlech wei och kierchlech Lidder, ënner der Leedung vun eiser Dirigentin der Mme Nadja Burdot-Koob. Mir zielen op den Interessi vu ville Bierger aus eiser Gemeng Rouspert-Mompich déi einfach spontan virun eise Prouwen era lousse kommen.
Fir méi Informatiounen oder Froe rufft w.e.g. um Tel: 661/728479 un.